
Hallo,
mir sinn de Michel an de Ben.
Mir sinn zwee Jonker, deenen hiren Hobby d'Fotografie an d'Videografie ass. Mir hunn allen zwee em 2013 ugefaang eis mat Fotoen ze beschäftegen, iert mer dann kuerz drop och den Film fir eis entdeckt hunn. Vun do un huet sech eisen Hobby relativ schnell zu enger Passioun entwéckelt.
Fir dësen Summer hunn mer lo een méi groußen Projet geplangt, an zwar fléien mer an Island vum 18.07 - 2.08. Während dësem Tripp wäerten mer d'Ringstraße ëmfueren an dobäi wëllen mer d'Kontraster dokumentéieren, déi des immens Insel eis ze bidden huet. Dorënner fällt alles wei zum Beispill Wüstenlandschaften/Schnéilandschaften, Platzen wou bal keen lieft/Stied, Waasser/Feier...
All dat gëtt festgehalen an engem Video wéi och per Fotoen, déi herno an engem Fotobuch zesummefannen. De Video selwer wäert en klengen Documentaire ginn vun eiser Rees, an der och interessant Infoen vun Island hier Plaatz sollen kréien, vläicht e puer Interviewen mat Locals, schéin Szenen (Landschaft, Makro, Déieren...).
Donieft soll awer och all Dag en klengen Video online kommen, an deem mer dokumentéieren, wat mer alles sou gemaach hunn, wat den Dag iwwer passéiert ass, wou mer waren...
Bis op d'Fotobuch, wäerten all eis Saachen fräi zougänglech sinn an et wäerten och eng Rëtsch Fotoen fräi zur Verfügung gestallt ginn. Ziel vun eisem Projet ass et den Léit hei zu Lëtzebuerg déi islännesch Landschaft an Kultur méi no ze bréngen an fir eis Erfahrungen mat aneren ze deelen.
Hei e puer Beispiller vun eiser Videografie an Fotografie:












