
IWWERT EIS

Ech sinn den Michel, ech hunn 22 Joer an ech sinn aus der Geigend vun Ettelbreck.
Ech kruut meng eischt Kamera (eng Canon 600D) am Joer 2013, nodeems ech schon eng Zaitchen un mengem Papp senger Kamera rondrem probeiert hunn!
Un der Canon 600D huet mer d Videofunktioun och super Spass gemaach an ech hunn ugefaangen kleng Video'en ze schneiden an mech bessen un verschiddenen Filmtechniken ze probeieren. Mee och d'Fotoen maachen huet mech vun Ufank un begeeschtert an speziell d'Deieren- an d'Landschaftsfotografie mescht mer Seit engem gudden Joer emmer rem Spass!
Mein Équipment ass mat mengem Intresse emmer weider gewuess an sou hunn ech am Moment:
-Canon 600D
-Canon 7D Mark II
-Canon Legria Mini
-Sigma 10-18mm 4-5.6
-Canon 18-55mm 3.5-5.6
-Canon 70-300mm 4-5.6
-Sigma 150-600mm 5-6.3
-Canon 50mm 1.8
-Canon Speedlite 430 EX II
-ND-Filters
-POL-Filters
-UV-Filters
-Vanguard Alta Pro 263AGH (Stativ)
-Lowepro Flipside 400AW (Rucksaak)

Hallo, ech sinn den Ben, 21 Joer al an kommen aus der Géigend em Miersch. 2010 hunn ech ugefaang meng éischt Fotoen ze maachen, mat enger Canon 450D. Dräi Joer méi spéit hunn ech dunn duerch en Kolleg ugefang mech fir Video ze interesséieren. Leider konnt meng Spiggelreflex keng Videoen dréinen, sou datt ech relativ limitéiert war an just ab und an ze filmen krut. Fotoen hunn ech awer nach weiderhin gemaach, an konnt do lescht Joer och vill Fortschrëtter maachen duerch en Fotoskuer zu Köln während mengem Austauschsemester. Well ech mech awer och méi an den Videoberäich investéieren wollt, hunn ech mech dunn derzou entscheed op d'Canon 760D ëmzeklammen, déi bei mir permanent zum Asaz kennt.
Wat mäin Material ubelaangt, sou hunn ech:
- Canon 760D
- Sigma 17-70mm f 2.8-4.0
- Tamron 70-300mm
- Canon kit lens (18-55 mm)
- Canon 50mm f 1.8
- Rollei C5i tripod
- UV filters
- Rode Video Mic
- Steadycam
- ...